CyclocrossMarie Schreiber mat Plaz 6 zu Hamme

RTL Lëtzebuerg
D'Victoire vum Flandern-Cross goung un d'Ceylin Alvarado virun der Lucinda Brand. D'Sara Casasola huet de Podium komplettéiert.
© AFP (Archiv)

Bei der drëtter Manche vun der X2O Trophee zu Hamme gouf et en hollänneschen Doublé. D’Ceylin Alvarado huet sech ganz knapp virun hirer Landsfra Lucinda Brand duerchgesat (+ 1 Sekonn). D’Italieenerin Sara Casasola gouf mat 6 Sekonne Réckstand Drëtt.

De Spëtzentrio hat eng komfortabel Avance op de Rescht vum Peloton, wou och d’Marie Schreiber ënnerwee war. D’Lëtzebuergerin klasséiert sech hannert dem Zoe Backstedt (+ 43) an dem Annemarie Worst (+ 1:04) op der 6. Plaz (+ 1:27). Et war der Schreiber hir éischt Participatioun un enger Manche vun der X2O Trophee.

Am Generalklassement läit d’Marie Schreiber mat 11:33 Réckstand op der 12. Plaz. D’Lucinda Brand ass Éischt virun der Sara Casasola.

Back to Top
CIM LOGO