CyclotourimusMat Passioun bei de 6-Days Lull Gillen

RTL Lëtzebuerg
De Francis Wahl huet keng vun deene 25 Editioune verpasst. Dëst Joer gëtt et awer eng Première. Hien ass Pensionär a muss net méi nom Feierowend fueren.
Mat Passioun bei de 6-Days Lull Gillen
De Francis Wahl huet keng vun deene 25 Editioune verpasst. Dëst Joer gëtt et awer eng Première. Hien ass Pensionär a muss net méi nom Feierowend fueren.

D’Zuel 6 an den Numm Lull Gillen sinn enk matenee verbonnen. 123 6-Dagescourssen op der Pist huet de Vizeweltmeeschter a Weltrekordler a sengem Palmarès stoen, dovunner 11 Victoiren. 6 Deeg Dag an Nuecht, ofwiesselend mat engem Partner, op der Pist, dat net een Extremsport. No senger Profikarriär war de Lull Gillen an enger Form vu Cyclotourimus eemol am Joer wärend 6 Deeg ënnerwee. All Dag ass hien eng Etapp gefuer. Och 12 Joer nom Doud vum Gentleman vum Vëlo, wéi hie genannt gouf, liewen d'6-Days Lull Gillen weider.

De Francis Wahl huet keng vun deene 25 Editioune verpasst. Dëst Joer ass allerdéngs eng Première. Als Pensionär kann de passionéiere Cycliste sech eraussichen, zu wéi engem Zäitpunkt hie sech wärend dem Dag op de Wee mécht. Déi Jore virdrun huet dëst missten no der Aarbecht geschéien. Ronn 10.000 km an 144 Etappen huet de Francis Wahl wärend deene 25 Joer zréckgeluecht. Eng vun de 6 Etappen ass 54 km laang a mécht e kuerzen Ofstiecher bei eis belsch Noperen. D’Bréifboîte un der Kënzeger Gare däerf op kee Fall verpasst ginn.

Eng kuerz drëtt Hallschent, well den Dag drop steet déi nächst Etapp um Programm. Am beschten et verpasst ee keng, well 6 ass déi magesch Zuel a Verbindung mam Lull Gillen.

Back to Top
CIM LOGO