
De Mathieu Kockelmann huet déi 34. Editioun vun der Saarland Trofeo an Däitschland gewonnen. De Lëtzebuerger hat e Samschdeg duerch seng Victoire um 2. Deel vun der drëtter Etapp d’Féierung iwwerholl an huet dës um leschten Dag net méi hierginn.
Am Schlussklassement huet de Lëtzebuerger um Enn eng Avance vun 32 Sekonnen op de Fransous Thibaud Gruel. De Mil Morang huet sech als 20. op dräi Minutten an 13 Sekonne klasséiert.
1 KOCKELMANN Mathieu Luxembourg 10:39:48
2 GRUEL Thibaud France 0:32
3 NORDHAGEN Jørgen Norway 0:52
4 ŻELAZOWSKI Michał Poland 1:11
5 PALETTI Luca Italy 1:55
6 ROSADO Abel Odon AG2R Citroën U19 Team 2:00
7 WIDAR Jarno Belgium ,,
8 TELECKÝ Štěpán Czech Republic 2:10
9 FAURE PROST Alexy Bourgogne Franche-Comté 2:14
10 LEIDERT Louis Regionalteam Thüringen 2:21