Virschau op déi 86. Editioun vum Skoda Tour de LuxembourgMathieu Van der Poel an Tao Geoghegan Hart sinn déi grouss Aushängeschëlder

Sam Rickal
E Mëttwoch fänkt déi 86. Editioun vum Skoda Tour de Luxembourg un. E puer prominent Nimm sinn op de Lëtzebuerger Stroossen ënnerwee.

17 Ekippen an insgesamt 102 Coureure streide sech iwwer 5 Etappen a ronn 700 Kilometer ëm d'Schlussvictoire vum Skoda Tour de Luxembourg. Mam Mathieu Van der Poel vun Alpecin-Premier Tech, dem Weltmeeschter vun 2023 a Vainqueur vun der 1. Etapp am Joer 2024, wéi och dem Tao Geoghegan Hart vu LIDL-Trek, dem Gewënner vum Giro d’Italia 2020, sinn zwee grouss Nimm vun e Mëttwoch bis e Sonndeg op de Lëtzebuerger Stroossen ze gesinn.

Donieft si mam Søren Kragh Andersen vu LIDL-Trek, dem Jasper Stuyven an dem Dylan van Baarle vu Soudal-Quick Step an dem talentéierten Davide Piganzoli vu Team Visma | Lease a Bike weider prominent Coureure mat dobäi.

Aus Lëtzebuerger Siicht geet ënner anerem de Mathieu Kockelmann un den Depart, deen d'lescht Joer eng Etapp konnt gewannen.

Etappen am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO