Mat 5 Biergwäertungen (véier vun der 3. Kategorie an zum Schluss eng vun der 2. Kategorie) war d’Etapp predestinéiert fir eng Echappée.
An esou ass dann och vum Depart ewech séier gefuer ginn an et gouf vill Attacken. Am zweete Bierg vum Dag no ronn 40 Kilometer huet sech e grousse Grupp vun iwwer 20 Coureuren un der Spëtzt forméiert. De Peloton huet hinnen eng grouss Avance vun iwwer 10 Minutten zougestanen, sou datt séier kloer war, datt de Gewënner vum Dag aus dëser Echappée géing kommen.
50 Kilometer virun der Arrivée hunn d’Attacken an der Echappée ugefaangen, doduerch ass dës séier an eenzel Gruppen auserneegefall. Déi final Decisioun ass awer eréischt an der Schlussmontée erop op Mende gefall. De Michael Matthews an den Alberto Bettiol waren hei déi stäerkt. Déi decisiv Attack vum Matthews koum ronn 1,5 Kilometer viru Schluss an déi souz, esou datt hien um Enn d’Etapp gewënnt. De Bettiol gëtt 2. op 15 Sekonnen.
Am Peloton mam Maillot Jaune Jonas Vingegaard ass an der Finall den Tempo och däitlech eropgaangen. An och hei gouf et an der Schlussmontée Attacken. Den Tadej Pogacar huet et probéiert, ma de Vingegaard huet säi Rad gehalen. Déi zwee Coureure sinn zesummen als 23. respektiv 24. op 12 Minutten a 34 Sekonnen iwwert d’Arrivée gefuer. Hire Konkurrenten am General hu si weider Zäit ofgeholl. Den Drëtten am General Geraint Thomas hat als 26. e Retard vun 12 Minutten an 51 Sekonnen.
De Bob Jungels an de Kevin Geniets haten et och probéiert, fir an d’Echappée ze kommen, mä si hunn de gudde Coup verpasst. De Bob Jungels huet sech um Enn als 34. op knapp 14 Minutte klasséiert. De Kevin Geniets ass de 44. op 17 Minutten 07 ginn.
Am General läit de Vingegaard weiderhin zwou Minutten an 22 Sekonne virum Pogacar. Den Thomas huet e Réckstand vun zwou Minutten an 43 Sekonnen.
De Bob Jungels als 15. huet e Retard vun iwwer 23 Minutten op de Leader Vingegaard. De Kevin Geniets ass den 48. op iwwer eng Stonn an 21 Minutten.
