Direkt nom Depart hu sech zwee Coureuren ofgesat, nieft dem Anthony Perez hat sech och op en Neits de Magnus Cort Nielsen mat aus dem Stëbs gemaach. Fir de Coureur aus Dänemark war et déi drëtt Etapp hannerteneen, wou hie mat an der Echappée war. Op den Etappen 2 an 3 hat hien alle 6 Biergwäertunge gewonnen, en Dënschdeg sollten der nach 5 dobäikommen.
Déi lescht Biergwäertung gutt 10 Kilometer virun der Arrivée sollt awer een anere gewannen an zwar keen aner ewéi de Wout van Aert. Seng Ekipp Jumbo-Visma huet den Tempo an dëser klenger Montée ugezunn a kuerz virum Sommet konnt sech de Wout van Aert ofsetzen. De Mann am Maillot Jaune sollt och net méi ageholl ginn an huet sech “en solitaire” duerchgesat. Mat 8 Sekonne Retard séchert sech de Jasper Philipsen am Sprint déi zweete Plaz virum Christope Laporte. De Kevin Geniets gëtt de 37. an de Bob Jungels den 82., allebéid op 8 Sekonnen. Den Alex Kirsch huet en Dënschdeg iwwer 5 Minutte verluer a koum op d’Plaz 173.
Am General vergréissert de Wout van Aert domat säi Virsprong. Hei huet de Belsch elo 25 Sekonnen Avance op den Yves Lampaert an 32 op den Tadej Pogacar. Hei ass de Kevin Geniets de 36. op 1 Minutt an 23 Sekonnen, de Bob Jungels den 42. op 1 Minutt a 27 Sekonnen an den Alex Kirsch den 167. op 11 Minutten an 33 Sekonnen.
