No Tour-DisqualifikatiounNairo Quintana verzicht op Start bei der Vuelta

RTL Lëtzebuerg
De Kolumbianer huet een Dag no senger nodréiglecher Disqualifikatioun beim Tour de France säi Start bei der Vuelta ofgesot. D'Vuelta fänkt e Freideg un.
© AFP

Den Nairo Quintana war e Mëttwoch no senger sechster Plaz beim Tour nodréiglech disqualifizéiert ginn. An zwou Bluttprouwe wärend der Course war beim Kolumbianer Tramadol nogewise ginn. D’Mëttel géint de Wéi ass den UCI-Reegelen no verbueden, mä ass kee Verstouss géint d’Anti-Dopping-Reegelen.

De Kolumbianer hätt deemno e Freideg kéinten un den Depart vun der Vuelta goen, ma hien huet elo matgedeelt, datt hien net wäert starten. An engem Video huet hie matgedeelt, hien hätt weder “Kapp nach Kierper” fir den Tour duerch Spuenien.

Back to Top
CIM LOGO