Ënner dem Impuls vum René Thill ass esou d’Struktur Jonk Léiwen entstanen. Hei hunn déi jonk Nowuesssportler d’Méiglechkeet sech weider ze entwéckelen a bei internationale Coursse weider Erfarungen ze sammelen.
Mir hunn déi jonk Coureuren an hire Staff bei der Ardenne-Challenge hei fir an der Belsch besicht.
Fir déi jonk Léiwen war d’Course an der Belsch déi éischt Etappe-Course vun der Saison. Déi zwee Espoire Gilles Kirsch a Cédric Pries sinn déi 5 Etappen op een Enn gefuer a konnte sech um Enn op de Plazen 29 an 39 placéieren. Am Klassement vun den Espoire sinn et d’Plazen 11 an 13.