Éischten internationale Cyclocross vun der Saison Niels Vandeputte, d'Nummer 4 op der Welt um Depart zu Schuller

Tom Flammang
E Samschdeg gëtt zu Schuller den éischte Cyclocross vun der Saison hei am Land gefuer.
© DAVID PINTENS / BELGA MAG / Belga via AFP

D’UC Dippach organiséiert dëst Event schonn zanter Joren op der nämmlechter Plaz. Dëst Joer hu si decidéiert, fir de Cross an den internationale Kalenner ze setzen, wouduerch vill staark Coureure mat dobäi wäerte sinn. Den Dippecher Cross wäert fir vill Fuerer e gudden Test am Ufank vun der Cyclocross-Saison sinn. Duerch de ville Reen versprécht den 2,8 Kilometer laange Parcours vill Spannung an d’Fuerer mussen hiert technescht Geschéck ënner Beweis stellen.

De Weekend fänkt d'Cyclocross-Saison un
Lass geet et mat engem internationale Cyclocross zu Schuller organiséiert vun der UC Dippech.

Bei der Elite sinn iwwer 60 Coureuren ugemellt, dobäi ass den Niels Vandeputte de grousse Favorit. De Fuerer vun der Ekipp Alpecin Deceuninck ass d’Nummer 4 an der UCI-Cyclocross-Weltranglëscht an ass 2025 belsche Gravel-Champion ginn. Ënnerstëtzt gëtt den Niels Vandeputte vun engem staarke Coequipier, dem Hollänner Ryan Kamp. Hie war op der WM zu Liévin a Frankräich deen 11. ginn an dierft och e Wuert ëm d’Victoire matschwätzen. Ee weidere Favorit ass den Hollänner Mees Hendrikx, dee staark an déi nei Saison gestart ass a bis elo bei all Cross op de Podium komm ass. Och d’Fransouse schécke puer Fuerer, déi fir d’Victoire a Fro kommen. Een dovun ass den Timothé Gabriel, deen d’lescht Joer de Cross zu Conter gewanne konnt.

Déi belsch Ekipp Pauwels Sauzen Cibel Clementines schéckt eng staark Delegatioun vun Espoir-Coureuren, mat ënner anerem dem Kenay de Moyer, op Lëtzebuerg.

Bei den Damme sinn 19 Fuererinnen ugemellt. D’Hollännerin Larissa Hartog konnt sech op Neijoerschdag zu Péiteng déi 2. Plaz sécheren. D’Course versprécht awer vill Spannung, well mam Lauren Molengraaf, Julie Brouwers oder zum Beispill Kioné Crabbé Fuererinnen dobäi sinn, déi no Dagesform ëm d’Victoire matfuere kënnen. Aus Lëtzebuerger Siicht dierft d’Maïté Barthels ëm eng gutt Placéierung matfueren.

Och an der Junior-Kategorie si 60 Coureuren ugemellt.

Back to Top
CIM LOGO