Tour de France: 10. EtappNielsen wënnt am Fotofinish géint de Schultz, Pogacar bleift a Giel

RTL Lëtzebuerg
Eng interessant Etapp mat direkt véier Koppe stoung um Dag nom 2. Roudag fir d'Coureuren am Tour de France um Programm.
Tour de France – 10. Etapp (Resumé)
Nielsen wënnt am Fotofinish géint de Schultz, Pogacar bleift a Giel

Eng 38 Kilometer virun der Arrivée huet d’Course missten ugehalen ginn, well sech Manifestanten op der Streck befonnt hunn. D’Coureure sinn nees all op ee Punkt bruecht ginn, konnten dono awer an deenen Ecarte starten, wéi se zum Moment waren, wou d’Course neutraliséiert gouf. De Peloton mat de Lëtzebuerger Bob Jungels a Kevin Geniets konnt eréischt bal siwen an eng hallef Minutten no der Tête de la course dem Alberto Bettiol an der Echappée vu 24 Leit fortfueren.

De Peloton krut dee Réckstand net méi ageholl an hat domadder mam Ausgang vun der Etapp näischt méi ze dinn. Vir awer gouf vill gekämpft an esou ass de Bettiol net, wéi de Bob Jungels e Sonndeg, dës Etapp en solitaire op en Enn gefuer. 2 Kilometer viru Schluss hu sech 3 Coureuren zesummefonnt, fir déi lescht schwéier Kilometer unzegoen. Hir Avance war awer net esou grouss, esou datt och nach Coureuren hannert hinne probéiert hunn, fir opzeschléissen. Dem Van Baarle ass dat gelongen an hien huet eng 800 Meter virun der Arrivée si iwwerholl an attackéiert. Ma hir Been waren net gutt genuch, well vun hanne koumen nach weider Coureuren aus der Echappée bäi.

An engem Sprint waren de Magnus Curt Nielsen a Nick Schultz niefteneen a sinn am Fotofinish iwwert d’Linn gefuer. Den Dän hat zum Schluss e puer Zentimeter Avance op den Australier. Als 38. fiert de Bob Jungels iwwert d’Arrivée, dat zesumme mam Peloton a mat engem Retard vun 8 Minutten a 54 Sekonnen. De Kevin Geniets hat am leschte Bierg e bëssen Tempo erausgeholl a koum mat engem Retard vun 10 Minutten an 31 Sekonnen als de 66. iwwert d’Arrivé.

Op dëser Etapp huet de Lennard Kämna wat d’Generalklassement ugeet, am meeschte profitéiert. Duerch seng 10. Plaz an der Etapp an dem grousse Virsprong vun der Echappé op de Peloton, kënnt hien elo op déi 2. Plaz am Generalklassement, 11 Sekonnen hannert dem Leader Tadej Pogacar. De Bob Jungels ass am General den 18. op 5 Minutten an 53 Sekonnen, knapp iwwer 34 Minutte Retard huet de Kevin Geniets, deen de 45. ass.

D’Etapp am Replay

Tour de France – 10. Etapp (Replay)
Kuckt déi ganz Etapp am Replay.

Resultat

General

Back to Top
CIM LOGO