VëlossportNina Berton wiesselt bei EF-Oatly-Cannondale

RTL Lëtzebuerg
Aus dem Vëlossport ass et d'Nouvelle, datt déi 23 Joer jonk Athletin fir déi amerikanesch Ekipp fiert.
© Roland Miny (Archiv)

Si huet e Kontrakt fir zwee Joer ënnerschriwwen. Dëst Joer hat d’Nina Berton bei de Fréijoersklassiker gutt Resultater. No 2 Joer an der däitscher Ekipp vun CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team freet sech d’Nina Berton op den neien Challenge. Dëst Joer war si déi zweete Kéier am Tour de France vun den Dammen um Depart.

Back to Top
CIM LOGO