
Virun enger Woch ass de Ralph Diseviscourt “Race Across Belgium” gefuer an huet d’Course och gewonnen. Et war déi éischte Kéier datt den Ultracycliste an der Belsch mat dobäi war. Normalerweis wier hien dëst Joer eng méi grouss Course gefuer.
De Ralph Diseviscourt sollt “Trans Siberian Extreme” dëst Joer fueren. Eng Etappecourse vun iwwer 9.000 Kilometer. Déi gouf awer wéinst dem Krich an der Ukrain ofgesot. Dofir huet den Dizzy “Race Across Belgium” a säi Programm opgeholl. Mat engen 1.000 Kilometer schonns bal eng Sprintdistanz fir hien. Wat et awer net onbedéngt méi einfach gemaach huet. Ralph Diseviscourt: "Ech si gewinnt bei deen grousse Courssen an Italien oder Éisträich wou ee méi laang Collen huet. Do weess ee wéi een sech muss andeelen. Hei waren déi 200 éischt Kilometer méi flaach mee duerno koume vill Koppen.”
Op den éischten 250 Kilometer hat de Ralph Diseviscourt Richtung Belsch Küst vill mat Géigewand ze kämpfen. An duerno koum de Pavé.
Ralph Diseviscourt: "Et muss ee sech virstellen wann een esou Secteuren no 800 oder 1.000 Kilometer fiert dann ass dat eng ganz aner Geschicht wéi no 250 Kilometer. Dat hat ech ënnerschat.”
No de Pavésecteuren koum de Plat de Résistance awer op de leschten 200 Kilometer. Mat de gëftegen Montéeën an der Wallonie.
Ralph Diseviscourt: "D’Mur de Huy no iwwer 1.000 Kilometer ass schonns eppes ganz Spezielles. Dat as just nach ee Kampf fir do driwwer ze kommen. Ech hunn d´Course awer gutt geréiert an ech konnt de Rhythmus bis zum Schluss assuréieren.”
“Race Across Belgium” sollt 1.000 Kilometer laang sinn. Um Endeffekt huet dat awer net gestëmmt.
Ralph Diseviscourt: "Um Enn stounge méi wéi 1.100 Kilometer um Compteur an och bei den Héichtemeter sollten et der 9.000 sinn an et waren der awer eng 11.000. Dat huet mat sech bruecht, datt ech zwou Nuechten duerchgefuer sinn ouni ze schlofen.”
Normalerweis huet de Ralph Diseviscourt bei senge Courssen ëmmer eng Camionnette hannert sech. Dat war an der Belsch awer nëmmen zum Deel de Fall.
Ralph Diseviscourt: "Et ware vill Plazen dobäi déi fir den Trafic gespaart waren. Et koum vir, datt ech dacks eng Stonn mäi “Follow Car” net hannert mir hat. Wann een da vergiess hat ee freche Bidon oder ee Gel ze huelen, da koum et vir, datt een ob eemol dréchen ënnerwee war.”
An zwou Woche geet de Ralph Diseviscourt un den Depart vun der “Race Across France” iwwer ronn 2.500 Kilometer.