
Op der zweeter Etapp vum Tour de France bei den Damme, ass et zimmlech turbulent hiergaangen. Eng sëllege Chutten hunn d’Course gepräägt, woubäi vereenzelt Sportlerinnen zimmlech uerg getraff goufen. An der Course selwer war et kenger Echappée esou Richteg vergonnt, sech fir eng länger Zäit un der Spëtzt ofzesetzen, dëst opgrond vum flaache Profil vun der Etapp. Allerdéngs konnte sech eng gutt 18 Kilometer viru Schluss sechs Cyclistinne vum Rescht vum Feld ofsetzen an sech duerch d’Bascht maachen. Dës sollten d’Etappevictoire am Schlusssprint ënnert sech ausmaachen. An dësem Grupp konnt sech d’Marianne Vos knapps virum Silvia Persico duerchsetzen. Als Drëtt ass Katarzyna Niewiadoma iwwert d’Zillinn gefuer.
Am General iwwerhëlt d’Marianne Vos de Maillot Jaune vum Lorena Wiebes. Si huet elo Virsprong vun 10 Sekonnen op d’Silvia Persico. Dat Drëtt am General ass d’Katarzyna Niewiadoma op 12 Sekonnen.
D’Christine Majerus kënnt als 118. iwwert de wäisse Stréch mat 6 Minutten a 25 Sekonne Retard. Am General ass si elo déi 127. op 9 Minutten a 56 Sekonnen.
1 VOS Marianne Team Jumbo-Visma 3:14:02
2 PERSICO Silvia Valcar - Travel & Service ,,
3 NIEWIADOMA Katarzyna Canyon//SRAM Racing ,,
4 LONGO BORGHINI Elisa Trek - Segafredo 0:02
5 VAN DER DUIN Maike Le Col - Wahoo 0:12
6 WIEBES Lorena Team DSM 0:29
7 DE WILDE Julie Plantur-Pura ,,
8 BARBIERI Rachele Liv Racing Xstra ,,
9 KOPECKY Lotte Team SD Worx ,,
10 CONFALONIERI Maria Giulia Ceratizit-WNT Pro Cycling ,,
...
118 MAJERUS Christine Team SD Worx 6:25
1 VOS Marianne Team Jumbo-Visma 5:07:46
2 PERSICO Silvia Valcar - Travel & Service 0:10
3 NIEWIADOMA Katarzyna Canyon//SRAM Racing 0:12
4 LONGO BORGHINI Elisa Trek - Segafredo 0:18
5 VAN DER DUIN Maike Le Col - Wahoo 0:28
6 WIEBES Lorena Team DSM 0:35
7 KOPECKY Lotte Team SD Worx 0:41
8 BARBIERI Rachele Liv Racing Xstra 0:45
9 DE WILDE Julie Plantur-Pura ,,
10 VOLLERING Demi Team SD Worx ,,
...
127 MAJERUS Christine Team SD Worx 9:56