Als 6. vun der Weltmeeschterschaft an der U23-Kategorie vum leschte Wanter leeft et och ugangs vun dëser Saison gutt fir d’Lëtzebuerger Cyclistin. En éischt grousst Zil steet schonn ugangs November um Programm.
An dat ugeschwaten Zil ass d’Europameeschterschaft zu Namur. De leschte Samschdeg hate mir Rendez-vous mam Marie Schreiber, fir iwwert hire gudde Saisonufank ze schwätzen. E Sonndeg ass si dunn a Frankräich bei engem internationale Cross vun der zweeter Kategorie op déi gutt zweete Plaz gefuer. An der nach jonker Saison konnt d’Sportlerin schonn 2 Mol gewannen a fiert an de Crosse mat der Weltelite reegelméisseg an d’Top 10.
Ech hat am Fong net geduecht, fir esou gutt unzefänken, den éischte Weekend zweemol ze gewannen, gëtt engem Motivatioun, fir weider ze schaffen, et weess een, datt dat, wat ee virdru gemaach huet, sech gelount huet an datt ee weider muss dru bleiwen.
Mat 19 Joer huet d’Sportlerin elo de komplette Fokus op de Sport geriicht. D’Première ass gepackt an domat e gewëssenen Drock vun de Schëlleren. D’Marie Schreiber ka sech hir Zäit lo besser andeelen.
Ech probéieren, fir d’Hallschent vun der Woch heiheem ze sinn an d’Hallschent vun der Woch eropzegoen, Weekends gesinn ech si op de Courssen. Da kommen ech ëmmer heem, fir Kraafttraining hei an der Coque ze maachen. Dënschdes, mëttwochs an donneschdes hu mir an der Belsch gemeinsamen Training an do ass et mer wichteg, bei der Ekipp ze sinn. Do kann ech och besser hannert dem Moto fueren, wéi hei zu Lëtzebuerg, a kann an d’Massage goen.
D’lescht Joer hat d’Marie Schreiber den internationale Cross vu Conter gewonnen. D’Europameeschterschaft zu Namur op engem schwéiere Parcours bei der Zitadelle ass d’Haaptzil elo am Ufank vun der Saison, op dat d’Athletin hischafft.
En Top 5 misst egal wéi dra sinn. Elo heescht et ofwaarden, ob d’Hollännerinnen net vläicht bei d’Elite wiesselen, da wär souguer e Podium méiglech. Et ass eng gutt Streck fir mech.
An hirem jonken Alter huet d’Marie Schreiber sech dem Cyclocross-Sport komplett verschriwwen. Et dierf een op hir weider Entwécklung gespaant sinn.