Um MëttwochOptakt vun der 70. Flèche du Sud

RTL Lëtzebuerg
De Quinten Hermans konnt sech beim Start vun der 70. Editioun zu Esch am Prolog d'Victoire sécheren. Bescht Lëtzebuerger war den Ivan Centrone als 17.

De Prolog, fir den Optakt vun der 70. Flèche du Sud, hat eng Längt vun 3,2 Kilometer. Am séiersten ënnerwee war de Belsch Quinten Hermans, dee 4 Minutten an 41 Sekonne gebraucht huet. Op d’Éiereplaze sinn zwee weider Belsch gefuer, de Toon Aerts an den Daan Soete. Si haten ee Retard vu 7 respektiv 8 Sekonnen.

Beschte Lëtzebuerger war de Ivan Centrone. Hien hat als 17. e Réckstand vu 17 Sekonnen. Fir de Pit Leyder war et déi 20. Plaz op 18 Sekonnen.

Op der éischter Etapp geet et um Donneschdeg vu Rëmeleng op Rëmeleng.

PDF: D'Resultater vum Prolog

Back to Top
CIM LOGO