
De Grand Départ ass zu Utrecht an Holland. Um éischten Dag steet een Equippen-Zäitfueren um Programm. De Bob Jungels start mat AG2R ëm 19.06 Auer, den Alex Kirsch geet ëm 19.42 Auer mat Trek un den Depart. D’Arrivée vum leschte Grand Tour vum Joer ass den 11. September zu Madrid.