
Batteren Dag fir de Remco Evenepoel. Fir de Belsch ass den Giro d’Italia eriwwer. De grousse Favorit op d’Schlussvictoire gouf e Sonndeg den Owend no senger Victoire am Zäitfueren op der 9. Etapp positiv op de Coronavirus getest a muss dowéinst opginn.
D’Ekipp Soudal-Quick-Step an den Evenepoel selwer hunn den Out an engem Statement op de Soziale Medie confirméiert.
De Belsch war e Sonndeg nach an de Maglia Rosa gefuer. Neie Leader ass elo den Geraint Thomas.