
Am Cyclissem huet den Däitsche Pascal Ackermann de Semi-Klassiker Eschborn-Frankfurt am Sprint fir sech entscheet.
Op d’Plazen zwee an dräi koumen den Däitschen John Degenkolb an den Norweger Alexander Kristoff.
De Ben Gastauer koum an der selwechter Zäit wéi de Gewënner op déi 52. Plaz.
D’Resultat am Iwwerbléck
1 Pascal Ackermann (GER) Bora-Hansgrohe 4:23:36
2 John Degenkolb (GER) Trek-Segafredo 0:00:00
3 Alexander Kristoff (Nor) UAE Emirates 0:00:00
4 Davide Cimolai (Ita) Israel Cycling Academy 0:00:00
5 Hugo Hofstetter (Fra) Cofidis 0:00:00
6 Baptiste Planckaert (Bel) Wallonie Bruxelles 0:00:00
7 Davide Gabburo (Ita) Neri Sottoli 0:00:00
8 Lawrence Naesen (Bel) Lotto Soudal 0:00:00
9 Marco Haller (AUT) Katusha Alpecin 0:00:00
10 Grega Bole (Slo) Bahrain Merida 0:00:00
Bei der U23-Course ass de Pit Leyder den exzellente 7. ginn. De Michel Ries huet sech als 43. klasséiert. Allebéid zäitgläich mam Gewënner. Op iwwer 10 Minutte sinn de Maxime Weyrich, den Tiago da Silva an de Raphaël Kockelmann als 87., 96. respektiv 100. ukomm.