Giro d'Italia: 7. EtappPello Bilbao wënnt en solitaire, Valerio Conti bleift Leader

RTL Lëtzebuerg
E Freideg ass et op der 7. Etapp vum Giro d'Italia iwwer 185 Kilometer vu Vasto op L'Aquila gaangen.

Op der 7. Etapp gouf et eng weider Victoire fir ee Coureure aus der Echappé. De Pello Bilbao vun der Ekipp Astana huet sech 1 Kilometer virun der Arrivée aus dem Spëtzegrupp ofgesat a sech um Enn en solitaire behaapt. De Gallopin hat als 2. e Retard vun 1 Minutt a 7 Sekonnen.

De Peloton mam Maillot Rose, dem Valerio Conti, an dem Bob Jungels ass op 1. Minutt a 7 Sekonnen iwwert d’Arrivée gefuer. De Ben Gastauer hat als 60. e Réckstand vun 1 Minutt a 44 Sekonnen.

Am General bleift de Conti un der Spëtzt, dat mat engem Virsprong vun 1 Minutt an 32 Sekonnen op de José Rojas. De Bob Jungels ass den 21. op 6 Minutten a 26 Sekonnen. De Ben Gastauer läit aktuell op der 56. Plaz op 14 Minutten a 16 Sekonnen.

Weider Fotoe vum Giro d’Italia fannt Dir op pressphoto.rtl.lu.

VIDEO: Cyclissem Video News: Giro d'Italia Etapp 7
Pello Bilbao wënnt en solitaire, Valerio Conti bleift Leader

Presentatioun vun der Etapp

© Screenshot

E Freideg ass et iwwer 185 Kilometer vu Vasto op L’Aquila gaangen. Op d’Coureuren hunn 2 Bierger gewaart. Ee vun der 4. Kategorie an ee vun der 2. Kategorie.

De Resumé vun der Etapp

Et war um Freideg eng ganz séier 7. Etapp am Giro d’Italia. De Schnëtt loung bei gutt 45 Kilometer an der Stonn.

No ganz villen Attacken huet sech eréischt no 90 Kilometer virun der eng Echappé vun 12 Mann forméiert. Hei mat dra waren ënnert anerem den Antonio Pedrero, de José Rojas (Movistar), den Tony Gallopin (Ag2r La Mondiale), de Mattia Cattaneo (Androni-Sidermec), de Pello Bilbao, den Andrey Zeits (Astana), den Davide Formolo, den Jay McCarthy (Bora-hansgrohe), de Ruben Plaza (Israel Cycling Academy), den Thomas De Gendt (Lotto Soudal), de Lucas Hamilton (Mitchelton-Scott) an de Sebastian Henao (Team Ineos).

D’Echappé konnt sech e maximale Virsprong vun 2 Minutten erausfueren, méi huet hinnen de Peloton net zougestanen.

Am Bierg vun der 2. Kategorie, eng 50 Kilometer virun der Arrivée, hunn de Plaza an den De Gent misse lassloossen, sou datt elo nëmmen nach 10 Leit un der Spëtzt waren.

11 Kilometer virun der Arrivée hat d’Echappé nach e Virsprong vun 1 Minutt an 11 Sekonnen. Op de leschte Kilometer gouf et ëmmer nees Attacken an esou ware 5 Kilometer virun der Arrivée nëmmen nach 5 Coureure vir un der Spëtzt vertrueden. Hei mat dran den Hamilton, de Formolo, de Gallopin, de Bilbao, de Rojas an de Cattaneo.

1 Kilometer virun der Arrivée huet de Bilbao attackéiert an et eleng probéiert. 600 Meter virun der Arrivée hat hie 5 Sekonne Virsprong op seng Verfolger. De Bilbao sollt fir säi Courage belount ginn a konnt sech d’Victoire sécheren. Déi 2. Plaz war fir de Gallopin op 5 Sekonnen.

De Peloton mam Maillot Rose, dem Valerio Conti, an dem Bob Jungels ass op 1. Minutt a 7 Sekonnen iwwert d’Arrivée gefuer. De Ben Gastauer hat als 60. e Réckstand vun 1 Minutt a 44 Sekonnen.

Am General bleift de Conti un der Spëtzt, dat mat engem Virsprong vun 1 Minutt an 32 Sekonnen op de José Rojas. De Bob Jungels ass den 21. op 6 Minutten a 26 Sekonnen. De Ben Gastauer läit aktuell op der 56. Plaz op 14 Minutten a 16 Sekonnen.

D’Resultater vun der Etapp

Back to Top
CIM LOGO