Tour de Suisse: 3. EtappPeter Sagan wënnt Massesprint, Bob Jungels zäitgläich am Peloton

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg goung et op der 3. Etapp vum Tour de Suisse iwwer 176,9 Kilometer vun Aesch op Grenchen.
De Peter Sagan nach am Trikot vu Bora-hansgrohe, mëttlerweil fiert hie jo fir d'Ekipp TotalEnergies.
De Peter Sagan nach am Trikot vu Bora-hansgrohe, mëttlerweil fiert hie jo fir d’Ekipp TotalEnergies.
© AFP (Archiv)

Nodeems de Spëtzegrupp ageholl gouf, koum et zu engem Massesprint. Hei war de Peter Sagan dee Séiersten. De Slowak setzt sech virum Fransous Bryan Coquard an dem Norweger Alexander Kristoff duerch. De Bob Jungels kënnt zäitgläich op déi 35. Positioun.

Am General ginn et puer méi kleng Changementer, well awer eng Partie Coureuren en Dënschdeg Zäit verluer hunn. Leader ass awer nach ëmmer de Stephen Williams mat enger Avance vu 6 Sekonnen op den Andreas Kron a vu 7 Sekonnen op den Andreas Leknessund. Hei ass verbessert sech de Bob Jungels op déi 23. Plaz, hien huet e Retard vun 1 Minutt an 1 Sekonn.

Klassement vun der 3. Etapp

1 SAGAN Peter TotalEnergies 4:28:38
2 COQUARD Bryan Cofidis ,,
3 KRISTOFF Alexander Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux ,,
4 PIDCOCK Thomas INEOS Grenadiers ,,
5 ARANBURU Alex Movistar Team ,,
6 TRENTIN Matteo UAE Team Emirates ,,
7 BOL Cees Team DSM ,,
8 MATTHEWS Michael Team BikeExchange - Jayco ,,
9 TEUNISSEN Mike Jumbo-Visma ,,
10 BETTIOL Alberto EF Education-EasyPost ,,

D’Generalklassement no der 3. Etapp

1 WILLIAMS Stephen Bahrain - Victorious
2 KRON Andreas Lotto Soudal 0:06
3 LEKNESSUND Andreas Team DSM 0:07
4 THOMAS Geraint INEOS Grenadiers ,,
5 KÜNG Stefan Groupama - FDJ 0:10
6 KUSS Sepp Jumbo-Visma ,,
7 HIRSCHI Marc UAE Team Emirates ,,
8 VLASOV Aleksandr BORA - hansgrohe ,,
9 FUGLSANG Jakob Israel - Premier Tech ,,
10 YATES Adam INEOS Grenadiers ,,sgrohe ,,

Back to Top
CIM LOGO