Tour de France: 12. EtappPidcock wënnt op der Alpe d'Huez, Vingegaard verdeedegt Giel

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg goung et op 12. Etapp vum Tour de France iwwer 165,5 Kilometer vu Briançon op d'Alpe d'Huez.
Tour de France: 12. Etapp (Resumé)
Pidcock wënnt op der Alpe d’Huez, Vingegaard verdeedegt Giel.

Um Programm stounge mam Col du Galibier, dem Col de la Croix de Fer an der Alpe d’Huez 3 Bierger vun der Hors Catégorie. Deemno eng weider ganz schwéier Etapp fir d’Coureuren.

E Spëtzegrupp vun 9 Leit huet dës Etapp laang Zäit dominéiert. Am Col de la Croix de Fer huet hir Avance dunn awer ugefaange mat Schmëlzen, dat well d’Ekipp Jumbo Visma am Peloton d’Vitess erhéicht huet. Mat gutt 6 Minutten Avance ass de Spëtzegrupp dunn an d’Schlussmontée gaangen.

An hei war et aus der Echappée eraus den Thomas Pidcock, deen den Tempo ëmmer nees forcéiert huet a sech ofsetze konnt. Am Peloton hunn iwwerdeems d’Lëtzebuerger misse lassloossen an der Alpe d’Huez.

Spéiderhin ass de Grupp vun de Favoritten och ëmmer méi kleng ginn a knapp 4 Kilometer virun der Arrivée gouf et dunn och eng éischt Attack vum Tadej Pogacar.

Um Enn konnt sech den Thomas Pidcock en solitaire duerchsetzen, dat virum Louis Meintjes an dem Christopher Froome. De Grupp mat de Favoritten hat e Retard vun 3 Minutten an 23 Sekonnen. De Bob Jungels ass als 17. mat engem Retard vu 6 Minutten a 6 Sekonnen iwwer de wäisse Stréch gefuer. De Kevin Geniets verléiert iwwerdeems als 32. 12 Minutten a 16 Sekonnen.

Am General bleift de Jonas Vingegaard vir. Hei huet hien eng Avance vun 2 Minutten an 22 Sekonnen op den Tadej Pogacar a vun 2 Minutten a 26 Sekonnen op den Geraint Thomas. Hei verbessert sech de Bob Jungels op déi 16. Plaz, dat mat engem Retard vun 22 Minutten. De Kevin Geniets ass den 41. op 1 Stonn, 9 Minutten a 26 Sekonnen.

Replay vun der Etapp

Tour de France – 12. Etapp (Replay)
Kuckt déi 12. Etapp elo am Replay.

Resultat

General

Back to Top
CIM LOGO