Et gëtt eng interessant a spannend Course ëm d’Victoire mat den 2 grousse Favoritten Tadej Pogačar a Jonas Vingegaard. Déi zwee Éischt vum Tour de France aus dem Joer 2022 hunn allebéid schonn e puer Mol an dëser néier Saison op eng dominant Aart a Weis gewonnen. Och aus Lëtzebuerger Sicht ass d’Course interessant. Mat Geniets, Kirsch, Jungels a Ries si véier Profien um Depart.
De Kevin Geniets huet dës Saison scho gewisen, datt mat him ze rechnen ass a war am Tour des Alpes Martitmes et du Var den excellente Véierten am Generalklassement. Groupama-FDJ setzt fir de General op den David Gaudu. Am Fall vun engem Sprint soll den Arnaud Démare ënnerstëtzt ginn.
De Bob Jungels fiert a senger éischter Saison fir Bora-Hansgrohe un der Säit vum zweefache Gewënner vu Paris-Nice, dem däitsche Maximilian Schachmann. De Lëtzebuerger Champion am Zäitfueren huet iwwer de Wanter gutt trainéiert an ass héich motivéiert. Nieft dem Schachmann huet hie mam Sam Bennet och nach e séiere Sprinter bei Bora-Hansgrohe dobäi.
Och den Alex Kirsch huet wichteg Aufgabe fir déi nächst 8 Deeg. Hie soll bei Trek-Segafredo de jonke Mattias Skjelmose fir d’Generalklassement ënnerstëtzen an dem Mads Pedersen hëllefen, Etappen ze gewannen. Fir den Optakt an der Belsch leschte Weekend huet den Alex Kirsch bewisen, datt d’Form stëmmt.
Fir de Michel Ries gëllt et bei Arkéa Samsic de Kévin Vauquelin sou gutt wéi méiglech duerch déi lescht schwéier Etappen ze kréien. De Lëtzebuerger Grimpeur dierft an de leschten Deeg, zesumme mam Clément Champoussin, un der Säit vum jonke Fransous sinn. De Vauquelin huet dës Saison den Tour des Alpes Maritimes et du Var gewonnen an ass an excellenter Form. De Michel Ries selwer huet bis elo 10 Course-Deeg an de Been a war beim Tour duerch den Oman am Klassement vun de beschte Jonken den Sechste ginn.