Virun enger Woch konnt de Pol Breser sech nach op de Stroosse vun Iechternach bei der „La Charly Gaul“ duerchsetzen, dëse Weekend huet den 23 Joer ale Coureur vun der Ekipp Team Storck-MRW Bau den éischte Lëtzebuerger Gravel-Championnat fir sech entscheet.
D'Entscheedung sollt, no knapp 100 Kilometer, op deene leschte Meter falen. Hei konnt hie sech géint de Lennox Papi am Sprint duerchsetzen. Drëtte gouf de Jonah Flammang-Lies mat engem Retard vun 1:05 Minutt.
Bei den Damme goung de Championstitel no ronn 55 Kilometer un d‘Maïté Barthels, déi sech vum éischte Kilometer u vun hirer Konkurrenz konnt ofsetzen a bis op d'Arrivée zu Hesper näischt méi ubrenne gelooss huet. Mat um Podium stoung d’Camille Lanners.
No dem Championstitel e Samschdeg op der Strooss konnt de Pol Weisgerber dëse Weekend säin zweeten Titel bei de Masters gewannen. Dat virum Dany Papi an dem Gilles Ruffato. Bei de Masters Damme goung den Titel un d’Suzi Godart, virun der Anne Reiffers.
Klassement Hären
1 Pol Bresser Team Snooze 2:58:14
2 Papi Lennox CT Toproad Roeserbann 2:58:28 +14
3 Jonah Flammang Lies VCU Schwenheim 2:59:19 +1:05
Klassement Dammen
1 Maïté Barthels CT Atertdaul 1:59:43
2 Camille Lanners CT Toproad Roeserbann 2:09:18 +9:35
Klassement Master Hären
1 Pol Weisgerber LG Alzingen 3:00:33
2 Dany Papi CT Toproad Roeserbann 3:08:37 +8:04
3 Gilles Ruffato CT Toproad Roeserbann 3:10:11 +9:38
Klassement Master Dammen
1 Suzie Godart CCI Differdange 2:14:50
2 Anne Reiffers Team Snooze 2:19:54 +5:04