167,4 KilometerQuinn Simmons wënnt 4. Etapp vum Tour Auvergne-Rhône-Alpes

Sam Rickal
Den Amerikaner Quinn Simmons konnt sech bei der 4. Etapp vum Tour Auvergne-Rhône-Alpes no 167,4 Kilometer am Sprint duerchsetzen.
De Quinn Simmons hat bei der 4. Etapp vum Tour Auvergne-Rhône-Alpes d'Nues vir.
De Quinn Simmons hat bei der 4. Etapp vum Tour Auvergne-Rhône-Alpes d'Nues vir.
© ANNE-CHRISTINE POUJOULAT/AFP

Am Cyclissem gouf et op der 4. Etapp vum Tour Auvergne-Rhône-Alpes no 167,4 Kilometer vu Le Puy en Velay op Montrond-les-Bains eng Victoire vum Quinn Simmons. Den Amerikaner konnt sech aus der Echappée eraus am Sprint virum Finn Fisher-Black an dem Matteo Vercher behaapten.

De Mathieu Kockelmann koum mat engem Retard vu 4 Sekonnen op déi 17. Plaz – de Kevin Geniets dogéint zäitgläich op déi 50.Plaz.

Am General bleift den Alex Baudin weiderhi vir, dat mat enger Avance vun 12 Sekonnen op de Kévin Vauquelin an den Oscar Onley.

De Geniets ass do de 94. op iwwer 31 Minutten, de Kockelmann dogéint den 113. op iwwer 35 Minutten.

En Donneschdeg steet déi 5. Etapp virun der Dier. Da geet et iwwer 195,8 wallonnéiert Kilometer vu Saint-Chamond op Parc des Oiseaux – Villars les Dombes.

Back to Top
CIM LOGO