Déi 1. Etapp vun der Fleche du Sud ass vu Rëmeleng nees zeréck op Rëmeleng gefuer ginn.
86 km virun der Arrivée konnte sech mat de Coureuren Toon Aerts (Telenet Fidea Lions), Stef Krul (Metec-TKH) a Quinten Hermans (Telenet Fidea Lions) eng Grupp definitiv vum Peloton ofsetzen. Den Toon Aerts gouf am Prolog op 7 Sekonnen den 2. an dee Mann kënnt ee vum Cyclocross wëll do gouf dësen op der Weltmeescherschaft den 3. hannert dem Van der Poel an dem Van Aert.
An de Kilometeren dono konnt dëse Grupp hire Virsprong ëmmer weider bis op iwwer 4 Minutten ausbauen, konnten dësen och halen, hu sech net méi vum Peloton anhuele gelooss an d’Victoire ënnert sech ausgemaach.
Am Sprint tëscht deenen 3 Coureuren war et den 23 Joer ale Belsch Quinten Hermans dee sech virum Stef Krul an Toon Aerts duerchsetze konnt. An dat mat engem grousse Virsprong op de Peloton.
Um Mëttwoch hat de Quinten Hermans och schonn de Prolog zu Esch virum Toon Aerts gewonnen.
Bechte Letzebuerger gouf de Lex Reichling als 35. an dat mat engem Retard vun 3 Minutten a 6 Sekonnen. Och den Ivan Centrone (53.), Tim Diederich (72.) a Pit Leyder (77.) koumen an der nämmlechter Zäit mam Peloton op d’Arrivée.
Am General huet de Quinten Hermans e Virsprong vun 10 Sekonnen op den Toon Aerts an 12 Sekonnen op de Stef Krul. De 4. Daan Soete huet schonn e Retard vu 3 Minutten a 14 Sekonnen. Bëschte Lëtzebuerger ass den Ivan Centrone als 17. op 3 Minutten an 23 Sekonnen. Knapps hannendrun ass de Pit Leyder den 20. 3 Minutten a 24 Sekonnen.