De Lëtzebuerger Ultracycliste huet dës Course schonn 3 Mol gewonnen an zielt och dëst Joer nees zu de Favoritten. Säin Haaptkonkurrent dierft nees säin Dauerrival Christoph Strasser aus Éisträich sinn. Fir déi 775 Kilometer rechent den Dizzy 24 Stonnen ze brauchen. Dat wier eng Moyenne vu ronn 32 Kilometer an der Stonn.
E Samschdeg ass de Lëtzebuerger Coureur kuerz no 15 Auer un den Depart gaangen.