Tour de France LIVE: Le Bourg d'Oisans > Alpe d'HuezDéi zwanzegst Etapp vu 14:00 Auer un op der Tëlee, RTL.lu an um RTL Play

RTL Lëtzebuerg
Den TdF live bis e Sonndeg, de 26. Juli um 1. RTL, op RTL.lu, op der App an um RTL Play gëtt d'Course och am Livestream iwwerdroen.

20. Etapp - den Expert Tom Flammang

Op der 20. Etapp geet et no e Freideg nach eng Kéier op d'Alpe d'Huez. D'Etapp huet 171 Kilometer an ass extrem schwéier. Vum Depart ewech geet et biergop. Et geet direkt lass mam Col de la Croix de Fer. Den éischte Bierg vun der Hors Catégorie um zweetleschten Dag. Da kënnt de Col du Télégraphe vun der 1. Kategorie, ier mam Col du Galibier erëm eng Kéier e Bierg Hors Catégorie waart. Duerno steet dann nach de Col de Sarenne, och nees eng Montée Hors Catégorie, um Menü. Duerno ass een da just nach 15 Kilometer ewech vun der Arrivée zu Alpe d'Huez. Dës Kéier mussen d'Coureuren awer net déi 21 Kéieren eropfueren, mä et sinn der just nach dräi bis an d'Zil. Duerno wäert da warscheinlech de Schlussgewënner feststoen, sollt um Sonndeg bis op d'Arrivée zu Paräis näischt méi geschéien.

Mir iwwerdroen de Programm vun RTL op RTL.lu an RTL Play.
Commentaire: Tom Flammang, Kim Kirchen

20. Etapp - Le Bourg d'Oisans > Alpe d'Huez, 170.9 km (Biergetapp)

Weider Infoe vun der 20. Etapp

Tour de France: Livestream Programm

Mir iwwerdroen de Programm vun RTL op RTL.lu an RTL Play
Commentaire: Tom Flammang a Kim Kirchen

Samschdeg, 25. Juli vu 14:00 - 17:00 Auer:
20. Etapp - Biergetapp - Le Bourg d'Oisans > Alpe d'Huez, 170.9 km

Sonndeg, 26. Juli vu 17:00 - 20:25 Auer:
21. Etapp - flaach Etapp - Thoiry > Paris Champs-Élysées, 133 km

Back to Top
CIM LOGO