Tour de France: 17. EtappJasper Philipsen gewënnt aus Echappée eraus

Tom Nols
Op der 17. Etapp goung iwwer 174,7 Kilometer vu Chambéry op Voiron. De Lëtzebuerger Alex Kirsch ass mam Peloton ukomm.
De Jasper Philipsen war am Sprint dee Stäerksten
De Jasper Philipsen war am Sprint dee Stäerksten
© LOIC VENANCE/AFP

Um Enn vun enger onroueger Etapp mat villen Attacken an Echappéeën huet de Jasper Philipsen sech am Sprint duerchgesat. De Belsch huet aus enger Echappée eraus attackéiert a sech op de leschte Meteren duerchgesat, nodeems hie vu sengem Teamkolleeg Mathieu van der Poel a Positioun bruecht gi war. Zweeten ass de Schwäizer Mauro Schmit ginn, virum Olav Kooij aus Holland. Den Alex Kirsch ass mam Haapt-Peleton als 142. ukomm a läit am General op der 121. Plaz.

Tour de France: 17. Etapp – leschte Kilometer am Replay
De Jasper Philipsen huet aus enger Echappée eraus am Sprint gewonnen.

D'Organisateure vum Tour de France haten déi 17. Etapp als "flaach" agestuuft. Et waren awer net manner wéi 2.200 Héichtemeter ze fueren, eleng op den éischte 60 Kilometer waren et véier kategoriséiert Bierger (3 vun der véierter an 33 vun der drëtter Kategorie). No ronn 30 Kilometer waren ënnert anerem den Tom Pidcock an de Marc Hirschi an eng Chute verwéckelt, konnten awer weiderfueren.

Wéi nach zirka 100 Kilometer ze fuere waren, hat sech e Spëtzegrupp mat 16 Leit, wéi Van der Poel, Simmons, Bernal, Engelhardt, Stuyven an Hindley forméiert, wärend d'Favoritten op d'Gesamtvictoire all am Peloton beienee waren. Richteg eens war ee sech awer a béide Gruppen net, sou dass et eng nervös Course war mat ville klengen Attacken an Ausräisser. Bei 66 Kilometer Rescht konnte Jorgenson, Healy a Le Berre bei d'Echappée opschléissen, wéineg méi spéit huet de Pedersen mat anere Coureuren de Spëtzegrupp op 29 Mann uwuesse gelooss. De Réckstand vu Pogacar a Co sollt dono méi grouss ginn, si hunn d'Echappée fuere gelooss. "Wat en Duercherneen", sot de Kim Kirchen an der Live-Iwwerdroung op RTL.

Bei 22 Kilometer Rescht huet de Jasper Stuyven säi Gléck versicht a konnt duerno seng Avance op de 44 Mann staarke Verfollgergrupp tëscht 25 a 45 Sekonnen halen. Sechs Kilometer virum Zil goung et nach emol wärend 2,6 Kilometer mat ronn véier Prozent erop. Idealen Terrain fir eng Virentscheedung erbäi ze féieren, mee knapp 4 Kilometer virum Enn war de Belsch nees agefaangen. Am Sprint aus dem leschte Spëtzegrupp konnt de Philipsen sech um Enn duerchsetzen, nodeems de van der Poel fir hien de Sprint gutt preparéiert hat.


D'Resultater

En Donneschdeg ass déi éischt vun dräi Biergetappen am Stéck, wann et iwwer 185,2 Kilometer vu Vorion op Orcières-Merlette wäert goen. Zwee Colle vun der éischter, ee vun er zweeter an zwee vun der drëtter Kategorie gëllt et ze bewältegen. RTL iwwerdréit vu 15 Auer u live op der Tëlee an op RTL Play.


Den Tour de France 2026 a Biller

Back to Top
CIM LOGO