Nom Roudag um Méindeg war et en Dënschdeg fir déi 16. Etapp mat engem Zäitfuere weidergaangen, dat de Remco Evenepoel mat engem däitlechen Ecart fir sech entscheede konnt. De Belsch louch um Enn 28 Sekonne virum Zweetplacéierten Tadej Pogacar an iwwert enger Minutt virun dem Drëtte Mattias Skjelmose. Den Däitschen a 5. aus dem General Florian Lipowitz huet wéinst enger Chute missen opginn. Den Alex Kirsch ass mat engem Retard vu 5:42 Minutten den 91. ginn.
Am General kann de Remco Evenepoel also 28 Sekonnen op de Leader Tadej Pogacar guttmaachen, deen a sengem Maillot Jaune awer weiderhin e komfortabelen Ecart vu 4:32 Minutten huet. Nei an der Top10 ass duerch den Out vum Florian Lipowitz de Schwäizer Yannis Voisard.
Vun Évian-les-Bains ass de Parcours iwwer 26.1 Kilometer op Thonon-les-Bains gaangen. Vum Start fort ass d'Streck iwwer knapp zéng Kilometer erop op d'Côte de Larringes gaangen, duerno goung et da fir d'Coureuren eng séier, technesch usprochsvoll Descente erof a fir déi lescht néng Kilometer war et da flaach bis op d'Arrivée.
Op dëser Streck waren also komplett Zäitfuerer gefrot, déi eng méi laang Montée gläichméisseg eropfuere kënnen, technesch staark sinn, fir am biergof keng Zäit ze verléieren, an dann um flaachen Deel nach emol eng héich Leeschtung ofruffen ze kënnen.
De Mattia Cattaneo souz op der Arrivée relativ laang um Stull vum Leader, ma un deem hunn d'Favoritten um Enn nach eemol ferm geseet. Den zweetleschte Starter Remco Evenepoel louch nämlech mat enger richteg staarker Leeschtung no der Montée scho ronn 56 Sekonnen iwwert der Beschtzäit vum Italieener. Och an der Descente an um leschte flaachen Deel vun der Etapp war de Belsch net ze stoppen a sou konnt hie sech um Enn d'Dagesvictoire huelen. Hannendrun ass de Maillot Jaune Tadej Pogacar mat engem Retard vun 28 Sekonnen den Zweete ginn an déi drëtt Plaz war fir de Mattias Skjelmose mat engem Réckstand vun 1:04 Minutt.
E Schockmoment war et kuerz viru Schluss nach fir de Florian Lipowitz ginn. Den Däitschen a 5. aus dem Generalklassement war bei der Descente an enger Kéier gefall an huet doropshi missen opginn. Op den Tëleesbiller war ze gesinn, wéi hie sech d'Schëller ugehalen huet a vun den Doktere vun der Strooss bis bei d'Ambulanz begleet gouf.