En Donneschdeg stoung déi 2. Etapp vum Tour duerch Slowenien um Programm. Nodeems de Mats Wenzel e Mëttwoch op déi 10. Plaz fuere konnt, ass de Lëtzebuerger Coureur och um zweeten Dag virbäi ukomm. No 177.6 Kilometer war et op der Arrivée zu Ormoz zu engem Massesprint komm, deen den Dusan Rajovic fir sech entscheede konnt. De Wenzel ass mam Peloton als 24. iwwert d'Zillinn gefuer. Am General rutscht hien ëm eng Plaz erof a steet elo op der 13. Plaz. Leader ass weiderhin de Laurence Pithie.
Beim Tour duerch d'Belsch huet sech op der zweeter Etapp den Tim Merlier duerchgesat, deen doduerch och den neie Leader am General ass. Den Alex Kirsch ass an der selwechter Zäit op der 86. Plaz iwwer d'Arrivée gefuer a läit am General mat 16 Sekonne Réckstand op Plaz 56.
D'Victoire op der zweeter Etapp vum Tour de Suisse ass dann un de Romain Grégoire gaangen. De Fransous konnt sech op der Arrivée virum Marcel Camprubi an dem Bart Lemmen duerchsetzen. Véier Sekonnen hannendrun ass den Tadej Pogacar als 8. iwwert d'Arrivée gefuer, deen am General weider mat engem komfortabele Virsprong vun 2:50 op de Richard Carapaz virläit. Den Arthur Kluckers ass op gutt 16 Minutten den 111. ginn a läit am General op der 95. Plaz mat méi wéi 21 Minutte Retard.