En Dënschdeg goung et op der 3. Etapp vu Paris-Nice iwwer 200 flaach Kilometer vu Cepoy op Moulins / Yzeure. Am Laf vun der Etapp gouf et zwee Coureuren, déi sech ofsetze konnten, ma si goufe relativ fréi nees ageholl an um Enn ass de Peloton zesummen op d’Arrivée gaangen an et koum zu engem Massesprint. Do konnt sech dem Teamkomerod vum Jempy Drucker, de Sam Bennett duerchsetzen, dat virum Caleb Ewan an dem Fabio Jakobsen. Déi dräi Lëtzebuerger si mam Peloton an d’Zil komm.

Nodeems d’Etapp vun e Méindeg vun Ufank un immens séier gefuer ginn ass, hunn d’Coureuren et en Dënschdeg méi roueg ugoe gelooss. 30 Kilometer laang gouf et iwwerhaapt keng Attacken an d’Duerchschnëttsvitess louch bei nëmmen 31,4 km/h.
Bei Kilometer 32 koum dunn eng éischt Attack, hei haten et 8 Coureure probéiert, ma kee vun hinne sollt fortkommen. Kuerz drop hu sech du mam Ramunas Navardauskas an Alessandro Fedelli zwee Cycliste vun der Ekipp Delko Marseille Provence op de Wee gemaach an déi sollten och fortkommen.
No 49 Kilometer louch hir Avance schonns bei 5 an hallwer Minutt. Méi grouss sollt hire Virsprong awer net méi ginn, well dunn huet de Peloton den Tempo liicht ugezunn.
Knapp 50 Kilometer virun der Arrivée ass d’Avance vum Spëtzenduo dunn op ënner 1 Minutt gefall. 10 Kilometer méi spéit goufe si dunn och nees ageholl.
5 Kilometer virun der Arrivée huet d’Ekipp Sky dunn nach eemol ferm den Tempo ugezunn, dat mam Luke Rowe, Michal Kwiatkowski an Egan Bernal a si haten och ee Lach opkritt, ma de Peloton ass 2,5 Kilometer virun der Arrivée nees zesummegerullt. Aus Lëtzebuerger Siicht war et den Alex Kirsch, dee sech an dëser Phas ganz staark presentéiert hat.
Et koum schlussendlech dann awer zu engem Massesprint. Do huet de Jempy Drucker de Sprint ugezu fir säin Teamkolleg dem Sam Bennett an dee konnt dann och um Enn d’Etapp gewannen. Den Dylan Groenewegen hat net méi genuch Reserven an esou konnt hien am Sprint net mathalen. De Caleb Ewan kënnt um Enn op déi 2. Plaz, dat virum Fabio Jakobsen.
1 | BENNETT Sam | BORA - HANSGROHE | 5h 16' 25'’ | ||
2 | EWAN Caleb | LOTTO SOUDAL | + 00' 00'’ | ||
3 | JAKOBSEN Fabio | DECEUNINCK - QUICK - STEP | + 00' 00'’ | ||
4 | MC LAY DANIEL | EF EDUCATION FIRST | + 00' 00'’ | ||
5 | COQUARD Bryan | VITAL CONCEPT | + 00' 00'’ | ||
6 | BETTIOL Alberto | DIRECT ENERGIE | + 00' 00'’ | ||
7 | KRISTOFF Alexander | UAE TEAM EMIRATES | + 00' 00'’ | ||
8 | DEMARE Arnaud | GROUPAMA - FDJ | + 00' 00'’ | ||
9 | GROENEWEGEN Dylan | TEAM JUMBO - VISMA | + 00' 00'’ | ||
10 | THEUNS Edward | TREK - SEGAFREDO | + 00' 00'’ |
38 | KIRSCH Alex | TREK - SEGAFREDO | + 00' 00'’ |
47 | JUNGELS Bob | DECEUNINCK - QUICK - STEP | + 00' 00' |
79 | DRUCKER Jean-Pierre | BORA - HANSGROHE | + 00' 00'’ |
1 | GROENEWEGEN Dylan | TEAM JUMBO - VISMA | 11h 47' 44'’ | ||
2 | KWIATKOWSKI Michal | TEAM SKY | + 00' 06'’ | ||
3 | SANCHEZ GIL Luis-Leon | ASTANA PRO TEAM | + 00' 11'’ | ||
4 | GILBERT Philippe | DECEUNINCK - QUICK - STEP | + 00' 16'’ | ||
5 | BERNAL GOMEZ Egan Arley | TEAM SKY | + 00' 17'’ | ||
6 | TRENTIN Matteo | MITCHELTON - SCOTT | + 00' 20'’ | ||
7 | GALLOPIN Tony | AG2R LA MONDIALE | + 00' 21'’ | ||
8 | MOLARD Rudy | GROUPAMA - FDJ | + 00' 23'’ | ||
9 | BARDET Romain | AG2R LA MONDIALE | + 00' 23'’ | ||
10 | NAESEN Oliver | AG2R LA MONDIALE | + 00' 24'’ |
24 | DRUCKER Jean-Pierre | BORA - HANSGROHE | + 00' 25'’ |
30 | JUNGELS Bob | DECEUNINCK - QUICK - STEP | + 00' 35'’ |
44 | KIRSCH Alex | TREK - SEGAFREDO | + 02' 21'’ |