Giro d'Italia Donne: 9. EtappSchlussvictoire fir Annemiek van Vleuten

RTL Lëtzebuerg
Op der leschter Etapp vum Giro d'Italia Donne setzt sech d'Italieenerin Chiara Consonni am Sprint virum Rachele Barbieri an dem Emma Norsgaard duerch.
© AFP (Archiv)

No 90 km vun Abano Terme op Padova hat d’Chiara Consonni vun der Ekipp Valcar déi séierst Been. Si konnt sech am Sprint virum Rachele Barbieri behaapten, déi drëtt Plaz ass fir d’Emma Norsgaard aus Dänemark. Fir d’Consonni war et déi véiert Victoire am Joer 2022. D’Gesamtvictoire ass fir Annemiek van Vleuten.

De Groussdeel vun der Etapp war vun enger Echappée gepräägt, déi knapp 5 km virun der Arrivée ageholl gouf. Duerno hunn d’Ekippen de Sprint lancéiert. D’Annemiek van Vleuten am Rosa Maillot ass kuerz no der Gewënnerin iwwer d’Arrivée gefuer. Si gewënnt déi dësjäreg Editioun vum Giro d’Italia mat enger Avance vun 1'52'’ op d’Italieenerin Marta Carvalli.

D’Christine Majerus hat no der 5. Etapp opgehalen, well si sech op den Tour de France Enn Juli preparéiere wëll.

D’Klassement vun der Etapp

1 CONSONNI Chiara 2:12:04
2 BARBIERI Rachele ,,
3 NORSGAARD Emma ,,
4 BALSAMO Elisa ,,
5 BERTIZZOLO Sofia ,,
6 SWINKELS Karlijn ,,
7 COPPONI Clara ,,
8 KOPECKY Lotte ,,
9 FIDANZA Martina ,,
10 CAMPBELL Teniel ,,

De General

1 VAN VLEUTEN Annemiek 27:07:26
2 CAVALLI Marta 1:52
3 GARCÍA Mavi 5:56
4 LONGO BORGHINI Elisa 6:45
5 FISHER-BLACK Niamh 11:12
6 LUDWIG Cecilie Uttrup 12:22
7 PERSICO Silvia 13:08
8 MAGNALDI Erica 15:13
9 LABOUS Juliette 15:49
10 BRADBURY Neve 17:29

Back to Top
CIM LOGO