De Lëtzebuerger Champion vu Groupama - FDJ Kevin Geniets ass laang am 1. Grupp matgefuer, éier hien awer och mat sengem Kapitän David Gaudu huet misse lassloossen. Um Enn hat hien am Zil als 34. e Retard vu 7 Minutten a 27 Sekonnen. Am General klasséiert sech de Kevin Geniets op der 32. Plaz mat engem Réckstand vu bal 19 Minutten op de Primoz Roglic.
Op der 8. an domat och leschter Etapp vum Critérium du Dauphiné stoung fir d’Coureuren eng weider schwéier Biergetapp erop op de Plateau de Solaison um Programm.
E Grupp vu 15 Coureuren hat sech e Virsprong vu knapp 2 Minutten erausgefuer, ënnert anerem war an der Echappée vum Dag de Simon Geschke, George Bennett an de Pierre Roland mat dobäi. D’Grupp sollt awer net zesummebleiwen an et war e sech net zu 100 % eens. Dëst huet dozou gefouert, dass de Peloton eru gefuer ass. An der leschter Montée hunn dunn de Primoz Roglic an de Jonas Vingegaard der Konkurrenz keng Chance gelooss a sech vun deenen aneren ofgesat.
Béid Coureure vun Jumbo-Visma si vir eropgefuer. Dobäi huet de Vingegaard e ganz staarken Androck hannerlooss. Hannendrun huet de Ben O’Connor versicht den Uschloss nees hierzestellen, et sollt him awer net geléngen. De Vingegaard gewënnt schlussendlech déi leschten Etapp vum Critérium du Dauphiné, iwwerdeems de Primoz Roglic de General fir sech entscheede konnt.
1 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 3:49:20
2 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma ,,
3 O’CONNOR Ben AG2R Citroën Team 0:15
4 CHAVES Esteban EF Education-EasyPost 0:53
5 GUERREIRO Ruben EF Education-EasyPost ,,
6 CARUSO Damiano Bahrain - Victorious 0:55
7 MEINTJES Louis Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux ,,
8 HAIG Jack Bahrain - Victorious ,,
9 KRUIJSWIJK Steven Jumbo-Visma 1:20
10 JOHANNESSEN Tobias Halland Uno-X Pro Cycling Team 1:40
...
34 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 7:27
1 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma 29:11:22
2 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 0:40
3 O’CONNOR Ben AG2R Citroën Team 1:41
4 CARUSO Damiano Bahrain - Victorious 2:33
5 HAIG Jack Bahrain - Victorious 3:13
6 MEINTJES Louis - Intermarché 3:17
7 CHAVES Esteban - EF Education-EasyPost 3:18
8 GEOGHEGAN HART Tao INEOS Grenadiers 3:44
9 Guerreiro Ruben - EF Education-EasyPost 3:48
10 JOHANNESSEN Tobias Halland Uno-X Pro Cycling Team 3:51
...
32 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 18:57