
Um Sonndeg stoung déi lescht Etapp iwwer 184,7 Kilometer ronderëm Leuven um Programm. Den Arnaud De Lie konnt sech am Sprint virum Mathieu van der Poel an dem Dries De Bondt behaapten. De Michel Ries gouf den 100. mat engem Retard vun 10 Minutten a 27 Sekonnen.
Et war eng spannend lescht Etapp an där de van der Poel tëschenzäitlech wéi de Gewënner ausgesinn huet, well hie sech op der Etapp Bonus-Sekonne séchere konnt. Den De Lie huet op der Arrivée awer zréckgeschloen a konnt den Hollänner klappen.
Am General gouf et doduerch schlussendlech keng Changementer, esou datt den De Lie d’Schlussvictoire mat 3 Sekonne Virsprong virum van der Poel feiere konnt. Dem Tim Wellens gouf hei den Drëtten. De Michel Ries konnt sech um Enn op der 110. Plaz mat engem Retard vun 58 Minutten an 38 Sekonne placéieren.
1 De Lie Arnaud Lotto 3:59:38
2 van der Poel Mathieu Alpecin - Deceuninck ,,
3 De Bondt Dries Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
4 Bittner Pavel Team Picnic PostNL ,,
5 Groenewegen Dylan Team Jayco AlUla ,,
6 Milesi Lorenzo Movistar Team ,,
7 Albanese Vincenzo EF Education - EasyPost ,,
8 Penhoët Paul Groupama - FDJ ,,
9 Kooij Olav Team Visma | Lease a Bike ,,
10 Laurance Axel INEOS Grenadiers ,,
...
100 Ries Michel Arkéa - B&B Hotels +10:27
1 De Lie Arnaud Lotto 19:24:42
2 van der Poel Mathieu Alpecin - Deceuninck +0:03
3 Wellens Tim UAE Team Emirates - XRG +0:31
4 Wright Fred Bahrain - Victorious +0:55
5 Kooij Olav Team Visma | Lease a Bike +0:57
6 Bittner Pavel Team Picnic PostNL +0:59
7 De Bondt Dries Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
8 Bettiol Alberto XDS Astana Team +1:00
9 Del Grosso Tibor Alpecin - Deceuninck +1:03
10 Skujiņš Toms Lidl - Trek +1:07
...
110 Ries Michel Arkéa - B&B Hotels +58:38