
Gutt 25 Kilometer virun der Zillinn zu Provins sollt et e Méideng zu enger uerger Chute am Peloton beim Dammen Tour de France kommen. Bei dëser Chute ass d’Nicole Frain ongebremst an d’Coureuren um Buedem gerannt a selwer meterwäit iwwert de Buedem geflunn. Eent vun den Affer vun dësem Manöver, d’Marta Cavalli, ass allerdéngs um Buedem leie bliwwen a war vu sech. Obwuel si an enger éischter Instanz nach weidergefuer ass, huet si nach wärend der Etapp wéinst de Blessure missen opginn.
En puer Kilometer méi spéit war déi däitsch Fuererin Laura Süssemilch vun enger Chute betraff. Déi 25 Joer al Cyclistin huet sech dobäi zwee Wierbele gebrach an huet sech missen aus dem Tour zeréckzéien.
Experte kritiséieren elo, datt den Dammen Tour de France ze onsécher wier, an datt ee méi fir d’Sécherheet vun de Sportlerinne misst maachen.