Vëlosclub DikrechSécherheetshiweiser fir d'Mountainbike-Championnat zu Biissen

RTL Lëtzebuerg
Dëse Sonndeg invitéiert de Vëlosclub Dikrech op de VTT-Championnat zu Biissen. De Veräin verweist op e puer wichteg Sécherheetshiweiser.
© AFP (Archiv)

Vue dass duerch déi immens Dréchent an héisch Temperaturen en erhéichte Risk vu Bëschbränn ronderëm d’Bëschgebitt “Bei der Bonnert” besteet, sinn d’Participanten, hir Begleeder an d’Spectateure gebieden, d’Parkingen am Zentrum vu Biissen ze notzen. Fir bei d’Plaz vum Depart ze kommen, muss d’Rue de la Chapelle genotzt ginn. Detailer fannt Dir hei am Schreiwes.

De Championnat wäert um 8.30 Auer an der Kategorie vun de Minimmes lassgoen ier en da géint 16.45 Auer op en Enn geet. D’Vëlosfuererinnen an d’Fuerer aus de Kategorië Minimes, Cadets, Débutants, Dammen, Juniors/Masters an Espoires/Elites huelen um Championnat deel.

VTT-Championnat Bissen: Programm

Back to Top
CIM LOGO