CyclissemSemi-Klassiker Paris-Tours: D'Saison am Cyclissem geet op en Enn

Tom Flammang
Zwee Lëtzebuerger sinn e Sonndeg mat um Depart vun der leschter grousser Course am Joer: De Kevin Geniets an den Alex Kirsch.
Semi-Klassiker Paris-Tours: D'Saison am Cyclissem geet op en
Zwee Lëtzebuerger sinn e Sonndeg mat um Depart vun der leschter grousser Course vum Joer: De Kevin Geniets an den Alex Kirsch.

Lescht Grouss Course am Cyclissem / Reportage Rich Simon

E Sonndeg geet fir praktesch de ganze Peloton mam Semi-Klassiker Paris-Tours déi international Saison am Cyclissem hei an Europa op een Enn. Mam Alex Kirsch a Kevin Geniets sinn aus Lëtzebuerger Siicht, zwee Coureure mat dobäi.

Souwuel fir de Kevin Geniets wéi och den Alex Kirsch geet eng laang Saison op een Enn. Dat d’Form beim Kevin Geniets stëmmt, huet hien am Tour de Luxembourg an duerno och op der Weltmeeschterschaft an Australien mat enger 21. Plaz gewisen. De laange Flug zeréck an deen domadder verbonnen d’Jetlag, huet sech bei him awer bemierkbar gemaach.

Déi éischt Deeg hunn ech mech wierklech net gutt gespuert. Och mental hunn ech eng Kéier nogelooss, wat awer bëssen normal ass. Elo spieren ech mech awer definitiv vill besser. Ech si motivéiert déi Lescht elo nach gutt ze fueren.

Dem Kevin Geniets seng Aufgab bei Paris-Tours ass et, fir hire Sprinter Arnaud Demare esou gutt wéi méiglech an der Schlussphase ze placéieren.

Eng änlech Aufgab huet den Alex Kirsch. De Leader bei der Formatioun Trek-Segafredo ass den Edward Theuns, dee koum bei der Generalprouf Paris-Bourges um Donneschdeg op déi 7. Plaz. Den Alex Kirsch gouf hei an der selwechter Zäit de 16. Fir bei Paris-Tours eng Roll ze spillen, geet et fir hien net nëmmen duer, datt d’Been matspillen.

Mat de Gravels a mat de Wäibierger ass d’Course déi leschte Jore schwéier ginn. Esou datt elo eng spannend Course ass, wou een awer och bësse Chance muss hunn, datt een näischt um Vëlo huet an deene leschte Kilometer. Esou ass et mir dat leschte Joer gaangen an dann ass et onméiglech, nees zeréck an d’Course ze kommen. D’Missioun vu mir selwer ass, fir elo nach de Maximum erauszehuelen an da kann ee raschten. Fir Paris-Tours gëllt et sech nach eng Kéier voll ze motivéieren.

Paris-Tours kënnt Dir e Sonndeg vu 15.40 Auer u live bei op RTL Tëlee Lëtzebuerg an am Stream op RTL.lu kucken.

Back to Top
CIM LOGO