Mountainbike ChampionnatSören Nissen séchert sech de Championstitel bei der Elite

RTL Lëtzebuerg
D'Isabelle Klein ass iwwerdeems nei Championne bei der Elite vun den Damme ginn.
Mountainbike Championnat: Soren Nissen séchert sech Titel
Zu Biissen waren um Sonndeg d’Lëtzebuerger Championnater am Mountainbike.

Zu Biissen waren um Sonndeg d’Lëtzebuerger Championnater am Mountainbike. Vun de Minimes bis zur Elite waren d’Coureusen a Coureuren bei héijen Temperature gefuerdert.

Neie Champion bei der Elite vun den Hären ass de Sören Nissen, dee sech virum Scott Thiltges an dem Philipp Bützow duerchsetze konnt. Bei der Elite vun den Dammen gouf et eng Victoire fir d’Isabelle Klein.

Bei der U23 heescht den neie Lëtzebuerger Champion Loïc Bettendorf. Hien huet sech déi éischt Plaz virum Mik Esser an dem Lucas van den Abeele geséchert. Bei den Damme gouf et e Succès fir d’Marie Schreiber.

Fir de Jacques Dahm gouf et eng Victoire bei de Masters. Op d’Plazen 2 an 3 hunn et hei de Marc Rolf Indergrand an de Pascal Maquet gepackt.

Neie Champion bei de Junioren ass den Noa Berton, dee sech virum David Lang an dem Kim Bintz behaapte konnt. Bei de Juniorinnen ass déi éischt Plaz un d’Anouk Schmitz gaangen.

Iwwerdeems konnte sech bei den Débutants den Daniel Ferraz an d’Lisi Schmitz de Championstitel sécheren, bei de Cadets gouf et nach Victoirë fir d’Kylie Bintz an de Ben Koenig a bei de Minimes waren d’Enda Walsch an de Yannis Elsen déi Bescht.

Back to Top
CIM LOGO