CyclocrossStaark 6. Plaz fir d'Marie Schreiber

RTL Lëtzebuerg
No der fënnefter Plaz virun enger Woch zu Dublin, huet d'Marie Schreiber och beim 10. Weltcup vun der Saison an Italien eng staark Performance gewisen.
© AFP

Beim UCI Weltcup zu Val di Sole fiert d’Marie Schreiber op déi 6. Plaz. Am Klassement vun den U23-Damme konnt d’Lëtzebuergerin sech op der exzellenter 2. Plaz klasséieren. Déi 19 Joer Cyclistin vum Tormans Cyclo Cross Team hat op dem duerch Äis a Schnéi ganz schwéiere Parcours e Retard vun 3 Minutten an 33 Sekonnen op d’Gewënnerin Puck Pieterse aus Holland.

Fir Holland gouf et mam Puck Pieterse, Ceylin Alvarado a Manon Bakker eng Dräifach-Victoire. Déi 20 Joer al Pieterse hat eng Avance vu 44 Sekonnen op d’Alvarado an d’Bakker koum mat engem Retard vun 1 Minutt 26 Sekonnen iwwer d’Ligne d’arrivée.

An der Course vun den Häre gouf et eng duebel Victoire fir d’Belsch. De Michael Vanthourenhout gewënnt mat enger Avance vun 39 Sekonnen. Ëm d’Plaz 2 gouf et e méi serréierte Kampf tëscht dem Niels Vandeputte, dem Kevin Kühn an dem Laurens Sweeck. Um Enn hat de Vandeputte d’Nues vir a kënnt virum Schwäizer Kevin Kühn (+42 Sekonnen) an d’Zil.

D’Klassement vun den Dammen

1 PIETERSE Puck 50:14
2 ALVARADO Ceylin Del Carmen 0:44
3 BAKKER Manon 1:26
4 PERSICO Silvia 1:34
5 ROCHETTE Maghalie ''
6 SCHREIBER Marie 3:33
7 CLAUZEL Hélene 4:07
8 CASASOLA Sara 4:10
9 MCGILL Sidney 4:16
10 ZEMANOVÁ Kristyna 4:17

Back to Top
CIM LOGO