CyclocrossStaark Performance vum Marie Schreiber zu Brumath

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuergerin klasséiert sech mat engem Retard vu 5 Sekonnen op Plaz 2 hannert der Leonie Bentveld aus Holland.
© RTL-Archiv / Jeff Gloden

Beim Cyclocross am franséische Brumath am Elsass fiert déi 19 Joer al Marie Schreiber als Zweet iwwert de Stréch, dat mat engem Retard vu 5 Sekonnen op déi 18 Joer al Hollännerin Leonie Bentveld. De Podium gëtt duerch d’Franséisin Amandine Fouquenet komplettéiert.

D’Faarwe vum Roude Léiw waren awer och nach duerch d’Isabelle Klein an d’Maïté Barthels vertrueden. D’Isabelle Klein klasséiert sech als 14. mat engem Retard vun 3'45'’ an d’Maïté Barthels kënnt op d’Plaz 27 (+7'55'’).

D’Klassement vun der Course

1 BENTVELD Leonie 47:29
2 SCHREIBER Marie 0:05
3 FOUQUENET Amandine 0:58
4 DURAFFOURG Lauriane 1:03
5 BARONI Francesca 1:30
...
14 KLEIN Isabelle 3:45
...
27 BARTHELS Maïté 7:55

Back to Top
CIM LOGO