Déi éischt Etapp gëtt en Dënschdeg an der Stad gefuer. Op en Enn geet déi 83. Editioun e Samschdeg och an der Stad.
19 Ekippe mat 6 Coureure ginn un den Depart. Dovunner sinn der 6 aus der WorldTour. Ënnert de Participante si bekannt Nimm wéi de Rafal Majka, de Matteo Trentin, den Davide Ballerini, de Florian Sénéchal, den Giulio Ciccone an den Gianluca Brambilla.
Aus Lëtzebuerger Siicht starten de Kevin Geniets, de Michel Ries, den Arthur Kluckers, den Tom an de Luc Wirtgen, de Colin Heiderscheid, den Alexandre Kess, den Ivan Centrone an de Jacques Gloesener.