
D’Suzie Godart ass Europameeschterin am Cyclocross bei de Masters-Dammen an der Alterskategorie 60-64 Joer.
Zu Pontevedra a Spuenien ginn um Sonndeg déi néi Europameeschtere gesicht. E Freideg war et un der Masters-Kategorie. Hei konnt d’Suzie Godart den Titel an der Kategorie tëscht 60 bis 64 Joer gewannen. Si hat eng Avance vun e bësse méi wéi enger Minutt op d’Franséisin Corinne Pillot. Bronze war fir d’Britta Reimann aus Däitschland.
