E Freideg ass et op der 7. Etapp iwwer schwéier 176 Kilometer vun Tomblaine op d’La Super Planche des Belles Filles, e Bierg vun der 1. Kategorie mat net befestegter Strooss um Schluss, gaangen. Ënnerwee stoungen nach zwee Bierger vun der drëtter Kategorie um Menü.
D’Decisioun ëm d’Victoire ass eréischt ganz zum Schluss an der schwéierer Schlussmontée gefall. De Mann am Maillot Jaune Tadej Pogacar an de Jonas Vingegaard hu sech um Enn een Duell geliwwert. Déi zwee hunn 100 Meter virun der Arrivée de Lennard Kämna, de leschte Mann aus der Echappée vum Dag agefaangen. An du war et de Pogacar, deen een Tick besser war a sech d’Victoire virum Vingegaard geséchert huet. Mat engem Réckstand vun 12 Sekonnen ass de Primoz Roglic deen Drëtte ginn.
De Kevin Geniets huet um Freideg nees vill Aarbecht fir säi Kapitän gemaach. Hien an och den zweete Lëtzebuerger am Peloton Bob Jungels hunn eng 3 Kilometer virun der Arrivée aus dem Grupp vum Maillot Jaune misse lassloossen. De Jungels ass als 25. op eng Minutt an 39 Sekonnen ukomm an de Geniets huet als 48. fënnef Minutten a 17 Sekonne verluer.
Am General läit de Pogacar elo 35 Sekonne virum Vingegaard. Drëtten ass den Geraint Thomas op eng Minutt an 10 Sekonnen. De Bob Jungels ass den 31. op sechs Minutten an 48 Sekonnen. De Kevin Geniets huet als 58. e Réckstand vun 18 Minutten an zéng Sekonnen.
