Tour de France: 6. EtappTadej Pogacar wënnt Etapp an iwwerhëlt Féierung am General

RTL Lëtzebuerg
Op der 6. Etapp vum Tour de France goung et en Donneschdeg iwwer 220 hiwweleg Kilometer vu Binche op Lonkech.
Tour de France - 6. Etapp (Resumé)
Tadej Pogacar wënnt Etapp an iwwerhëlt Féierung am General

No der schwéierer Pawee-Etapp vun e Mëttwoch, war et en Donneschdeg och nees eng ganz schwéier Etapp. Dëst allerdéngs net onbedéngt wéinst dem Profil vun der Etapp, ma well virop de Wout van Aert d’Course ganz séier gemaach huet. De Mann am Maillot Jaune huet nämlech all Attack, fir an e Spëtzegrupp ze goen, neutraliséiert an huet schlussendlech selwer eng Echappée zesumme mam Quinn Simmons a Jakob Fuglsang forméiert.

Den Alex Kirsch hat vun Ufank u Schwieregkeeten a gouf vum Peloton ofgehaangen. No ronn 113 Kilometer ass de Lëtzebuerger du vum Vëlo geklommen an huet opginn.

De Wout van Aert huet d’Etapp laang vun der Spëtzt aus kontrolléiert, gouf 11 Kilometer virun der Arrivée dunn awer nees vum Peloton ageholl an och direkt ofgehaangen. Deemno hat hien näischt mam Ausgank vun der Etapp ze dinn an et war och kloer, datt e säi Giele Maillot géing verléieren.

Zu Lonkech goung et du virun der Arrivée nach eemol biergop a just déi stäerkst konnten do nach mathalen. Uewenaus op der Arrivée war et dunn den Tadej Pogacar, deen déi meescht Reserven hat a sech d’Etappevictoire séchere konnt, dat virum Michael Matthews an dem David Gaudu. De Bob Jungels gouf de 27. op 26 Sekonnen. De Kevin Geniets ass 9 Kilometer virun der Arrivée gefall a gouf um Enn den 126. op 7 Minutten an 28 Sekonnen.

Am General huet den zweefachen Tour-de-France-Gewënner elo och d’Féierung iwwerholl a wiesselt deemno säi Wäisse Maillot vum beschte Jonke géint de Giele Maillot. Hei huet hien eng Avance vu 4 Sekonnen op den Neilson Powless a vun 31 Sekonnen op de Jonas Vingegaard.

De Replay vun der Etapp

Tour de France - 6. Etapp (Replay)
Kuckt déi ganz Etapp am Replay.

Resultat

General

Back to Top
CIM LOGO