De Belsch Thomas Deruette vum Team Differdange-Geba konnt sech zu Bech no 120,90 Kilometer d’Victoire sécheren. Hien hat um Enn eng Avance vu 6 Sekonne viru sengem Landsmann Felix de Groef. Beschte Lëtzebuerger war de Pit Leyder, deen op déi drëtte Plaz fuere konnt. Hien hat um Enn nëmmen 1 Sekonn Réckstand op den de Groef op der 2. Plaz.