
Den Tiesj Benoot vun Jumbo-Visma setzt sech am Sprint beim belsche Klassiker ronderëm Bréissel duerch. De Belsch hat de Schlusssprint ee Kilometer virun der Arrivée selwer lancéiert. Hie louch mat véier aneren Ausräisser un der Spëtzt an huet sech d’Victoire no sengem Untrëtt net méi huele gelooss. Säin Teamkolleeg Nathan van Hooydonck huet mat senger zweeter Plaz eng duebel Victoire fir Jumbo-Visma a fir d’Belsch realiséiert. D’Plazen Dräi bis Fënnef ginn un de Matej Mohoric, den Taco van der Hoorn an dem Tim Wellens.
Fir de Grand-Duché war den Alex Kirsch um Depart an huet sech um Enn als 27. klasséiert.
1 BENOOT Tiesj 4:32:25
2 VAN HOOYDONCK Nathan 0:01
3 MOHORIČ Matej ,,
4 VAN DER HOORN Taco ,,
5 WELLENS Tim ,,
6 LAPORTE Christophe 0:43
7 DE LIE Arnaud ,,
8 MEEUS Jordi ,,
9 JAKOBSEN Fabio ,,
10 STUYVEN Jasper ,,
...
27 KIRSCH Alex ''