De 26 Joer jonke Profi-Coureur ass déi leschte Jore fir eng Belsch Pro-Conti-Ekipp gefuer a war zanter Enn der Saison op der Sich no engem neie Kontrakt. E Méindeg koum d’Nouvelle, datt hie fir 2023 an enger Continental-Ekipp wäert fueren.
De 16. September 2022, no der Arrivée vun der 5. Etapp vum Tour Luxembourg, huet d’Zukunft vum Tom Wirtgen um Mikro vum Tim Hensgen nach net sou gutt ausgesinn.
Kuerz virun de Chrëschtdeeg koum elo d’Nouvelle, datt de 26 Joer jonke Lëtzebuerger eng nei Ekipp fonnt huet. Eng schwéier Zäit geet elo fir den Tom Wirtgen op en Enn.
“Global 6 Cycling” ass eng neiséilännesch Ekipp mat Haaptsëtz an Holland, déi an der Conti-Kategorie un den Depart geet. De Kalenner ass gespléckt mat flotte Courssen, mat ënner anerem och dem Tour duerch d’Tierkei oder der Tour of Britain. Den Tom Wirtgen huet individuell wéi och zesumme mat Ekipp grouss Ziler.
Och wann déi nei Ekipp net méi op dem selwechten Niveau fiert wéi déi aus dem leschte Joer wëll de Brudder vum Luc Wirtgen sech am Peloton awer net verstoppen a vun den neie Fräiheete profitéieren.