1. Deel vun der SaisonTom Wirtgen mat gudde Leeschtungen

RTL Lëtzebuerg
An de leschte Wochen a Méint hu sech déi Lëtzebuerger Cyclisten am internationale Verglach excellent geschloen.
VIDEO: Tom Wirtgen mat gudde Leeschtungen
An de leschte Wochen a Méint hu sech déi Lëtzebuerger Cyclisten am internationale Verglach excellent geschloen.

Bei de Klassiker sinn dacks d’Nimm vu Jungels, Drucker a Kirsch gefall awer och den Tom Wirtgen war e puer Mol am Gespréich. Wéi zum Beispill de leschte Mëttwoch, wou de jonke Coureur et bei der Flèche Wallonne an d’Echappé gepackt hat.

Mat sengen 23 Joer gehéiert den Tom Wirtgen nach zu deenen jonke Coureuren aus dem Peloton. De Lëtzebuerger fiert dëst Joer fir d’Ekipp Wallonie Bruxelles an huet sech säin Dram, fir Vëlosprofi ze ginn, domadder verwierklecht.

Dëse Mëttwoch war de Pro-Conti-Cyclist deen eenzege Lëtzebuerger um Depart vun der Flèche Wallonne a war wéi sou dacks an der Echappé vum Dag.

Kuckt een dem Lëtzebuerger seng Progressiounen an de leschte Méint, dann hätt ee sech kéinten erwaarden, datt hien och e Sonndeg bei sengem éischten Monument um Depart hätt kënne stoen. En Donneschdeg koum awer den Telefon, datt een an der Ekipp d’Decisioun geholl huet, dem gudde Rouleur e bësse Paus ze gënnen an hien deemno net fir Léck-Baaschtnech-Léck ze selektionéieren, dat fir spéider bei zum Beispill engem Tour vu Lëtzebuerg nees top fit ze sinn. De sympathesche Coureur ass déi néi Finall vun der Doyenne awer ofgefuer an huet fir säi Favorit Jakob Fuglsang nach e klengen Tipp.

No enger Woch ouni Vëlo sti fir den Tom Wirtgen dann nees méi laang Ausdauer-Trainingsdeeg um Programm. E Sonndeg wäert och hie virum Fernseh sëtzen an den Ofschloss vun der Fréijoersklassiker gespaant kucken.

Back to Top
CIM LOGO