
Fir d’éischte Kéier an der Geschicht vun der Grande Boucle soll d’Arrivée vun der 111. Editioun net wéi gewinnt zu Paräis sinn. Dat mellt déi italienesch Zeitung Gazzetta dello Sport. Nice soll als Schlussarrivée virgesi sinn.
Schonn de Grand Depart ass een Novum, fir d’éischte Kéier soll den Tour de France an Italien starten. Den Optakt ass zu Florenz geplangt, eréischt op der véierter Etapp erreecht de Peloton da Frankräich.
Grond fir d’Verrécklung sollen d’Olympesch Spiller zu Paräis (vum 26. Juli bis den 11. August 2024) sinn, déi nëmme fënnef Deeg nom geplangten Tour-Enn an der franséischer Haaptstad ufänken.
Den Tour de France fänkt dëst Joer den 1. Juli zu Kopenhagen an Dänemark un a geet no 21 Etappen de 24. Juli op de Champs-Élysées zu Paräis op en Enn. Op deem Dag start dann och d’"Tour de France Femmes”.
D’Coursse kënnt Dir live op RTL suivéieren.