
No un der franséischer Grenz war et e flaache Parcours, deen d’Ekippen am spéide Nomëtteg an Ugrëff geholl hunn. Am beschten huet sech UAE Team Emirates - XRG aus der Affär gezunn.
No ronn 24 Kilometer war deemno d’Formatioun UAE am séiersten. D‘Ekipp ronderëm de Spuenier Juan Ayuso hat eng Avance vun 8 Sekonnen op Visma - Lease a Bike mam Jonas Vingegaard.
De Bob Jungels koum mat INEOS Grenadiers um Enn op déi 5. Plaz mat 16 Sekonne Retard.
Leader am General ass elo och nees de Jonas Vingegaard. Den Dän huet eng Avance vun 8 Sekonnen op de Juan Ayuso. De Bob Jungels ass de 96. op iwwer 10 Minutten.
1 UAE Team Emirates - XRG 00:25:26
2 Team Visma | Lease a Bike +0:08
3 Lidl - Trek +0:09
4 Red Bull - Bora - Hansgrohe +0:12
5 INEOS Grenadiers +0:16
6 Movistar Team +0:17
7 Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
8 Q36.5 Pro Cycling Team +0:22
9 Groupama-FDJ +0:24
10 Lotto+0:27
1 UAE Team Emirates - XRG 47:43:44
2 Team Visma | Lease a Bike +0:06
3 Red Bull - Bora - Hansgrohe +0:35
4 Soudal Quick-Step +0:48
5 Bahrain Victorious +1:09
6 Israel - Premier Tech +1:20
7 INEOS Grenadiers +1:22
8 Decathlon AG2R La Mondiale Team +1:25
9 XDS Astana Team +1:35
10 Movistar Team +1:53